Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Rue de la Toison-d'Or an der Stad Lëtzebuerg. Fir aner Stroossen, déi esou oder änlech heeschen, kuckt wgl. Rue de la Toison-d'Or (Homonymie). |
Numm | fr: Rue de la Toison-d'Or |
---|---|
Längt | ca. 250 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Hollerech |
Postcode | 2265 |
Koordinaten |
49° 36’ 13.7’’ N 06° 06’ 48.2’’ O |
Genannt no | Uerde vum Gëllene Vlis |
D'Rue de la Toison-d'Or ass eng Strooss am Quartier Hollerech an der Stad Lëtzebuerg. Si zitt sech vun der Kräizung mat der Rue Raymond-Poincaré an nordwestlecher Richtung liicht biergop bis bei de Märeler Park, wou s'op d'Rue de Bragance stéisst. D'Haiser sinn an déi Direktioun numeréiert.
D'Strooss ass nom Gëllene Vlis (fr.: Toison d'or) vum Widder Chrysomallos aus der griichescher Mythologie genannt. Datt d'Strooss en Deel vun der fréierer Rue de l'Abattoir ass, wier eng méiglech Erklärung firwat se no der Woll vun engem Schluechtdéier genannt gouf.[1] Enger anerer Interpretatioun no kéim den Numm vum Uerde vum Gëllene Vlis, dee 1430 vum Philippe de Gudden, Herzog vun der Bourgogne geschaf gouf.[2]
Ongeféier an der Mëtt laanscht d'Strooss läit e Parking fir d'Personal vun de Schoule vum Campus Geesseknäppchen, deen an den 1990er Joren ugeluecht gouf (Entrée vum Parking an der Rue Marie-Adélaïde). Op dësem Parking sti 54 Amerikanesch Eechen déi (2015) ronn 30 Joer al sinn.
Nërdlech vum Parking ass lénks laanscht d'Strooss en Hondsterrain op deem Eschen a Biergahorne stinn.
Tëschent hiren zwee Enner kräizt Rue de la Toison-d'Or sech, vu Süden no Norden, mat:
Op der Héicht vun der Rue de Vianden, tëscht dem Parking an dem Hondsterrain ass e Foussgängerwee deen d'Rue de la Toison-d'Or mam Boulevard Pierre-Dupong verbënnt.